WAT BIDDEN ECH IECH ?
EMMETT Therapy
Emmett (erfonnt vum, a benannt nom Ross EMMETT) ass eng douce a schnell Muskelentspanung déi duerch verschidde Grëffer op dem Muskel-, Faszien- a Bindegewebe hëlleft ënnert anerem Muskelen z'entspanen.
Duerch ganz liichten Drock mat de d'Fanger op gewësse Regioune vum Kierper ginn Impulser direkt an d'Muskelen an d'Sehne geschéckt. De Nervensystem schéckt dës Stimulatioun weider un d'Gehir, an d'Gehirn schéckt d'Korrektureinformatioun zeréck un de ganze Kierper. Sou kënne Blockagen opgeléist ginn D'Resultater sinn oft schonn no ganz kuerzer Zäit bemierkbar, à l'instant!
Sou huet Emmett Therapy scho gutt Resultater erzielt bei der Erliichterung vun
Interesséiert ? Bucht hei drënner iwwert de "Button" äre RDV.
Fir all weider Info kënnt dir mech kontaktéieren.

- Nuque- a Schëllerproblemer
- Lymphstau
- Otemproblemer
- Bauchkrämp a Verdauungsproblemer
- Schwindel
- Kappwéi, Migräne
- Hëft- a Réckeproblemer
- Been-, Fouss a Knéiproblemer
- Gläichgewiichtsproblemer
- Schwangerschaftsbedengte muskulär Problemer
- a villes méi
Interesséiert ? Bucht hei drënner iwwert de "Button" äre RDV.
Fir all weider Info kënnt dir mech kontaktéieren.
Klangmassage
Fir och all Skeptiker ze berouegen, Klangmassage huet näischt mat Hokuspokus ze dinn. D'Aart a Weis wéi ech eng Klangmassage ausféiere berout op wëssenschaftlech iwwerpréifbare Methoden déi zur Entspanung bäidroen. Rezente Stressstudie lesen
Bei der Peter Hess-Klangmassage geet et an éischter Instanz drëm iech unhand vun de Kläng, de Vibratiounen a Schwëngungen ze berouegen an z'entspanen. An enger Klangmassage léise mir Blockaden déi duerch Stress oder Traumata entstinn, Duerchbluddung gëtt ugereegt a Verspanunge gi geléist.
Eng am Joer 2007 vum Europäischer Fachverband Klang-Massage-Therapie e.V. duergefouerte Studie ass zum Entschloss komm, dass regelméisseg Klangmassage am Ëmgang mat Stress hëllefen an eist Wuelbefanne vun eisem eegene Kierper verbesseren.
Et ass eng optimal Entspanungs- a Stresspräventiounsmethod fir jonk an al, an optimal fir Leit déi Beréierungsängscht hunn a net gäre wëlle vun engem Masseur ugepakt ginn (bei enger Klangmassage bleift dir ugedoen). Och Persoune déi prinzipiell Problemer hunn mat anere Methoden z'entspanen komme bei der Klangmassage ganz séier an den Zoustand vun der déiwer Entspanung.
Ganz beléift ass d'Klangmassage och bei Museker oder auditiv veranlachte Mënschen.
Ausserdeem erzielt Klangmassage ganz gutt Resultater bei ADHS-ADS oder nervöse Kanner/Erwuessenen.
Op der Grondlag vun der "déiwer Entspanung" huet Klangmassage bei enger grousser Unzuel u Funktiounsstéierungen - wéi héije Bluttdrock (neiste Studien dozou an dëser Fachzäitschrëft), Réckeproblemer, Tinnitus, Migräne, Reiz-Daarm, Schëller-Nuque Syndromer, Spannungskappwéi a.s.w. - positiv Effekter erzielt.
Och Klangprogrammer an der Grupp si méiglech.
Macht eppes guddes fir äre Kierper an är Séil
Nieft der klassescher Klangmassage bidden ech och nach folgend Formen un:

- Stress ofbauen
- zu déiwer Entspanung kommen
- kierperlech a séileg Blockade léisen
- Immunsystem a Selbstheelungskräfte vum Kierper stäerken
- méi Liewensfreed a Selbstachtung förderen
Nieft der klassescher Klangmassage bidden ech och nach folgend Formen un:
- Klangspiller fir Kanner an der Crèche/Spillschoul/Schoul a Jugendlecher (ab März 2015)
- Klangmassage op der Aarbechtsplaz - eng verkierzte, mobile Versioun vun der klassescher Klangmassage vun 20 Minutten, perfekt fir eng kuerz Erfrëschung a nees konzentréiert kënne weider ze schaffen, ausgefouert bei iech am Bureau.
- Klangmeditatioun a Gruppen (maximal 12 Leit).
Interesséiert ? Bucht hei drënner iwwert de "Button" äre RDV.
Fir all weider Info kënnt dir mech kontaktéieren.
Gua Sha
Gua Sha besteet aus widderhueltem "Schaben" op geuelegter Haut mat engem ofgeronnten "Outil". Allgemeng benotzt gëtt e chinesesche Porzeläinsläffel oder Schaffinstrumenter aus Jade. Den ofgeronnte Rand gëtt op déi geölte Haut gedréckt a laanscht d'Muskelen oder Meridianen an ongeféier 10 bis 15 cm laange Beweegunge gezunn. Dës Prozedur verursaacht erhéichte Bluttfloss (Sha) an der Haut, wat och kann Petechien an Ekchymosen verursaacht. Duerch den erhéichten Blutfloss kënnen esou Muskele nees entspaanen en et kann een generell ganz schnell déi positiv, erliichtend an entspanend Wirkung spiiren.
Esou kënne Muskelverspaanunge geléist ginn, awer och d'Blutzirkulatioun z.B. am Gesicht gefördert ginn, wouduerch d'Haut sech besser ufillt, manner zitt an ee op Dauer méi frësch a "jonk" kann ausgesinn.
Interesséiert ? Bucht hei drënner iwwert de "Button" äre RDV.
Fir all weider Info kënnt dir mech kontaktéieren.
Esou kënne Muskelverspaanunge geléist ginn, awer och d'Blutzirkulatioun z.B. am Gesicht gefördert ginn, wouduerch d'Haut sech besser ufillt, manner zitt an ee op Dauer méi frësch a "jonk" kann ausgesinn.
Interesséiert ? Bucht hei drënner iwwert de "Button" äre RDV.
Fir all weider Info kënnt dir mech kontaktéieren.
Entspanungstraining
Fir Erwuessener, Studenten a Kanner
Beim ENTSPANUNGSTRAINING bidden ech iech einfach Methoden un déi dir och ganz einfach an ären Alldag integréiere kënnt.
Dëst geet vu Progressiver Muskelrelaxatioun, Autogenem Training iwwert einfach kleng Übunge mat deenen dir äre Kierper, äert Gehir an är Psyche schnell nees an d'Gläichgewiicht bréngt a Stress effektiv ofbaut, fir iech net negativ dovunner beaflossen ze loossen.
Och einfach Otemübungen oder Entspanungselementer aus dem Yoga a Qi Gong kënnen Deel vum Programm sinn, ouni dass iergendwellech sportlech Viraussetzunge gefrot sinn.
Entspanung muss net esoteresch sinn...bei mir gëtt et reng STRESSPRÄVENTIOUN an Tipps déi iech am Alldag nëtzlech sinn, ouni Virkenntnisser, fir dass dir entspaant duerch d'Liewe goe kënnt. Loosst et net bis zum BURN-OUT kommen, a sot NEE ZU STRESS.
Entspanung däerf och net als theoretesche Cours gestalt si wou ech iech beléieren an dir d'Gefill hätt dir géingt an engem langweilege Virtrag setzen. All Technike ginn direkt an d'Praxis ëmgesat a virun allem soll et Spaass maachen. Et däerf roueg och gelaacht ginn.
Dir sidd Student/in an hutt Prüfungsstress ? Ech bidde speziell adaptéiert Methode fir Studenten un. Dëst beinhalten Entspanungsmethoden, Konzentratiouns- a Beweegungsübungen.
Och fir Léierpersonal ginn et speziell adaptéiert Mesuren. Übungen déi dir an de Pausen tëschent 2 Coure maache kënnt, Stëmmübunge fir dass är Stëmm um Enn vum Dag manner belaascht ass, a ville méi.
Op Hausfra/Hausmann oder Top-Manager/in, fir all Fall ginn et adaptéiert Entspanungsprogrammer déi mir zesummen an individuell opbauen a gestalten.
Ouni de néidege Benzin, ouni déi néideg Kraaft, leeft och de beschte Motor net. Et ass mir eng Freed iech beim optanken ze hëllefen.
Fir weider Informatioune kontaktéiert mech HEI oder bucht iech ee Berodungsgespréich ! Fir all Fall schaffe mir zesummen ären individuellen Entspanungsprogramm aus.

Hiwäis: Entspanungstraining ass ee wichtege Beitrag zur Stresspräventioun a Gesondheetsförderung. Et ersetzt awer net d'Visite beim Dokter oder Therapeut an ass keng psychologesch Behandlungs- oder Therapieform. Falls de Besoin no psychologescher Behandlung besteet, kann ech iech u Spezialisten weiderreechen.
Firmen-, Schoulklassen- a Gruppentrainings
Ech bidden eng ganz Rei Entspanungstrainings/-methoden un déi sech och gutt an der Grupp oder Firma ausféiere loossen. Dës Programmer ginn ärem Besoin no ugepasst an am beschten an engem personaliséierte Gespréich ugeschwat. Wat ass d'Geheimnis dass Top-Manager ëmmer kënne frësch a konzentréiert schaffen ? Wéi kommen d'Kanner a menger Grupp méi séier zur Rou ? Wéi berouegen ech mech a mäin Ëmfeld no engem stressegem Dag ? Ginn et Übungen déi ech och tëscht 2 wichtege RDV'er kann ausféieren ouni mäi Costume mussen auszedoen ?
Genau op déi Froen a nach vill anerer kann ee bei engem éischte Gespréich agoen an zilgeriicht ee Programm fir iech opstellen.
Dir schafft fir d'Ressources Humaines Département oder fir d'Formation Continue an ärer Firma ? Dir sidd Chargé an enger Crèche oder Maison Relais ? Dir hutt eng Schoulklass ? Dir schafft an engem Alters- oder Fleegeheem ? An dir wëllt äre Mataarbechter, betreite Persounen oder Kanner eppes guddes doen an hinnen Entspanung ubidden ?
Da kontaktéiert mech fir ee RDV unzefroen.

FIRWAT ENTSPANEN ?
Ech ka mech net op meng Aarbecht konzentréieren ?
Mäi Studium mëscht mech verréckt ?
Ech fille mech komplett ausgesuckelt ?
Ech hu keng Energie ?
Meng Aarbecht mëscht mir kee Spaass méi ?
Ech hunn Angscht viru menge Prüfungen ?
Doheem hiewen ech oft den Toun ouni Grond ?
Ech si méi oft aggressiv am Auto an hetze mech ?
Ech sinn oft launesch ?
Ech komme net zur Rou ?
Ech hu keng Loscht moies opzestoen ?
Wann och nëmmen ee vun deene Sätz op iech zoutrëfft dann ass mäin Entspanungstraining oder och eng Klangmassage dat richtegt fir iech. All dës sinn Unzeeche fir Stress, an dir riskéiert an een Däiwelskrees eranzegeroden an deem dir net nëmmen iech belaascht mee villait souguer och äert Ëmfeld. Nieft de psychesche Problemer ka Stress och nach weider gesondheetlech Problemer ervirruffen, wéi héije Bluttdrock, Nervositéit, Mo-/Darmproblemer a.s.w. Loosst et net souwäit kommen.
Entspanen ass een einfacht Wuert mee an der haiteger, séierliewender Gesellschaft, hu mir et zum Deel verléiert eis och Zäit fir eis selwer ze huelen a mir sinn am Alldagsstress gefaangen. Mir stellen eist perséinlecht Wuelbefannen un zweet Stell. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet chronesche Stress als déi gréisste gesondheetlech Gefor an eisem Liewe qualifizéiert, dofir suergt fir iech.
STRESS MECH NET
Zil : Optanken a lassloossen.
D'Liewe soll keng Qual sinn, dofir ass et mir eng Freed iech duerch einfach Übungen a Methoden ze féieren, bei deenen dir nees zur Rou kommt, méi konzentréiert a fokusséiert schaffe kënnt, entspaant an ausgeglach duerch d'Liewe gitt. No enger Klangmassage oder engem Entspanungstraining an de jeeweilegen Übungen, kënnt dir nees besser Prioritéite setzen, strukturéiert denken a sidd nees opnahmefäheg fir nei Informatiounen oder Aufgaben. Äert Gehir notzt seng Ressourcen nees optimal well d'kierperlech a psychesch Uspanunge geléist sinn. Déi eigentlech Erausfuerderungen aus dem Alldag réckelen an de Fokus a kënnen zilorientéiert ugepak ginn, dat ganzt andeems dir léiert och bei Stresssituatiounen entspaant ze bleiwen.
D'Übungen déi ech iech mat op de Wee gi sinn einfach an den Alldag z'integréieren sou dass dir och bei wéineg Zäit ärem Kierper an ärem Geescht Guddes doe kënnt an emol duerchootemt - op gestressten Hausfra/mann oder Student/in, op Banker oder Chantiersaarbechter - ech adaptéiere mäi Programm no äre Besoinen.
Dir kënnt mech hei kontaktéieren fir ee RDV unzefroen.

WEE SINN ECH ?
Eier ech iech villes zu menger Persoun zielen, ass et mir wichteg iech ze soe wat ech net sinn. Ech si keen Heeler deen iech dat blot vum Himmel versprëcht an all Krankheet heele kann...ech sinn och kee Guru deen iech mat esoteresche Konzepter befliggelt.
Zu menger Persoun:
Numm: Gilles Heinisch
Alter: 41 Joër
Ausbildung:
Licencié en communication appliquée (IHECS Bruxelles)
Zertifizéierten Entspanungstrainer
Zertifizéierte Peter Hess-Klangmassagepraktiker - Peter Hess Institut
Zertifizéierten KLiK Praktiker - Klangaktivitéiten & Projets fir Kanner - Peter Hess Institut
TRX Qualified Trainer
EMMETT-Therapie (Muscle Relaxation Massage & Therapie) certified Practicioner
Als Expert en Communication hunn ech no der Uni meng Carrière ugefangen. Duerch mäi Beruff sinn ech och u verschidden Technike gerode fir d'Kommunikatioun ze verbesseren, hunn awer och materlieft wéi an engem animéierten an oft stressegem Aarbechtsfeld eng grouss Unzuel u Leit sech vu negativem Stress beaflosse loossen an drënner leiden. Eng duerch Stress leidend schlecht Kommunikatioun am Aarbechtsfeld féiert nees zu weiderem Stress. BURN OUT oder aner Krankheetsbiller, verursaacht duerch ze vill Stress, waren un der Dagesuerdnung an de groussen Entreprisen, a gestresste Leit si mir och ëmmer méi oft a mengem Alldag an a menge Fräizäit begéint.
Ech selwer hu mech säit Joere mat Relaxatiounsmethode befaasst a wollt menge Matmënschen eppes Guddes bréngen.
Dëst huet mech dozou bruecht 2013 eng Ausbildung zum Entspanungstrainer ze maachen a mech a folgenden Themeberäicher ausbilden ze loossen : Autogenen Training, Progressiv Muskelrelaxatioun, Entspanungselementer aus dem Qi-Gong, Yoga an der Kinesiologie, Stëmm- a Schwetzübungen....
Ausserdeem hunn ech 2014 eng Ausbildung beim Peter Hess Institut zum Klangmassagepraktiker gemaach. Nieft der klassescher Klangmassage hunn ech mech och nach a spezialiséierte Formatioune fir mat Kanner ze schaffen ausbilden gelooss.
Et ass mir wichteg fir mech ëmmer nees weiderzebilden dofir besichen ech regelméisseg Seminaire zu neie Methode fir iech weiderhin nëmmen déi bescht Weeër zur Entspanung ubidden ze kënnen.
Hutt dir nach Froen ? Zéckt net a kontaktéiert mech.

Bildquellen: Meditation © sxc.hu - spanishale | Klangschalen © Archiv Peter Hess Institut, Uenzen | Entspannung & Kinderklangspiel © unknown, Google | White Lotus © sxc.hu - japa-chang | Cloudy Sky © sxc.hu - fcl1971